Useldeng.net: Homepage vun der Spill- a Primärschoul aus der Gemeng Useldéng
schoul useldeng online
Sitemap
aktuellinfoklassenfotogalerieprojetarchivlinkskontakt
Liesnuecht
Schouljoër 2005/2006
De 13. November 2005 sinn d'Kanner aus dem 3. Schouljoer no der Schoul zwar heem gaang, mee su géint 7 Auer si si nach eng Kéier zréck an d'Schoul komm. Si hate sech virgeholl, zesummen eng "Liesnuecht" ze verbréngen...
Um Programm vun der Useldenger Liesnuecht stung:
- Bicher liesen: jidderee liest fir sech a sengem Lieblingsbuch
- Virliesen: Déi di wëllen, liesen deenen aneren een Extrait aus hirem Buch vir
- Witzer virliesen an erzielen
- Atelieren, an deenen all Kanner an engem Roulement défiléieren :
  • Probéieren um Internet-Site wéi der " Blinde Kuh " Froen ze beäntwerten
  • Eng Schnitzeljagd mat geschriwwenen Indicen duerch di eidel Schoul
  • eng Gebrauchsanweisung liesen an duerno eng elektrisch Schaltung bastelen
  • Trivial Pursuit spillen
  • englesche Film mat däitschen Ënnertitele kucken
Och no deem "offizielle" Programm ass nach mat der Täscheluucht ënnert der Decke weidergelies ginn. E puer Haarder hunn nach bis wäit no Mëtternuecht weidergelies a gepëspert. Knapps hate si 3,4 Stonne geschlof, war et schonn un der Zäit opzestouen, wëll deen Dag no der Liesnuecht war Schoul. De Virdeel war, datt mer all schonn an der Schoul waren. D'Sylvie haat eis Croissante matbruecht, mir hunn an der Kantinn zesumme Kaffi gedronk a mat e bësse Verspéidung d'Schoul ugefang.

Ee Gléck huet de Léo eis gehollef, d'Feldbetter an d'Schlofsäck vum SNJ rëm fachmännesch anzepaken, soss wire mer haut nach am gang.

Fotoen: Gilles Develter
Falls Dir fannt datt eng vun dëse Fotoen nit sollt veröffentlicht ginn, da sot mir Bescheed.

 

© 2002 Schoul Useldeng - Site réaliséiert vum Gilles Develter - Fir d'lescht geännert den 15.03.2006